This Day in Music - 12. DezemberMick Jagger, Frank Sinatra & George Michael

Haut op engem 12. Dezember...

Leschten Update: 14.12.2018, 07:21:05

© YAMIL LAGE / AFP

Haut virun 30 Joer ass de George Michael fir 4 Wochen op der Nummer 1 vun den US Single Charts komm, dat mat der Single „Faith“ . D’Wierk kennt aus dem Album mam selwechten Numm. Mat 20 Millioune Sales war et d Best Selling Single vum Joer 1988 an den USA. De Song war iwwerdeems dem George Michael seng Solo Debutsingle.

The Human League sollt 7 Joer virun, am Joer 1981 um Dag vun haut an de UK op der 1 stoen. Mat hirem eenzegen Nummer 1 Hit „Don’t You Want Me“. An dat obwuel de Phil Oakley vun der Band de Song esou schrecklech fonnt huet, dat de Song ganz op de Wupp vun hirem Album „Dare“ gepaakt ginn ass.

 

Haut hätt mam Frank Sinatra ee vun de gréissten Artiste vun allen Zäite Gebuertsdag gehat. Et wier säin 103 gewiescht. De Museker deen an de 50er grouss Duerchgestart ass, ass am Mee 1998 verstuewen a sollt 82 Joer kréien. A senger Karriär huet hien iwwer 150 Milliounen Alben a Single verkaf.

 

An de Mick Jagger, legendäre Frontman vun de Rolling Stones, dierf sech säit haut viru 15 Joer Sir nennen. De Brit sollt allerdéngs am Buckingham-Palast net vun der Queen zum Ritter geschloe ginn. Déi ass nämlech haut viru 15 Joer um Knéi opréiert ginn. De Prenz Charles ass dofir agesprongen.