This Day in Music - 19. DezemberDavid Guetta, Major Lazer & Maurice White

Haut op engem 19. Dezember...

Leschten Update: 19.12.2018, 12:16:37

© Eldoradio

33 Joer no sengem Release ass dem Michael Jackson säin Album “Thriller” haut virun 3 Joer fir de 30 Milliounste Kéier an den USA verkaf ginn. Dat huet bis haut keen aneren Album bis haut gepackt!

 

4 Joer ass et hir dat de franséischen DJ David Guetta op e Neits an Däitschland d’Charts erklommen huet. Mam US-Amerikanesche Sänger Sam Martin an dem Song "Dangerous" huet hien et 6 Wochen un der Spëtz ausgehalen. D’Lidd war no „Shot Me Down“, „Bad“ a „Lovers on The Sun“ de 4 Release vum Guetta sengem 6. Album „Listen“.

Zu Lëtzebuerg am Eldo Chartbreaker stoung d’Rihanna haut viru 9 Joer op der 1. Dat mat sengem “Russian Roulette” aus dem Album “Rated R”.

3 Joer ginn dann dat Major Lazer mat „Light It Up” fir 2. Wochen zur 1. vum Chartbreaker gi sinn.

 

An haut hätt de Maurice White vun Earth, Wind & Fire Gebuertsdag gehat. De Singer a Songwriter, deen och als Producer ennerwee war sollt mat senger Band fir 20 Grammy Awards nominéiert ginn a Songs erausbréngen, wéi “Let’s Groove” oder “September”. Hien sollt am Februar 2016 am Alter vu 74 Joer verstiewen.