This Day in Music - 18. DezemberLinkin Park & Jay-Z, Sia & Christina Aguilera

Haut op engem 18. Dezember...

Leschten Update: 19.12.2018, 12:20:55

© ANGELA WEISS / AFP

14 Joer ass et haut schonn hier dat de Song “Numb/Encore” aus dem Linkin Park & Jay-Z Mashup-Album « Collison Course » am Eldo Chartbreaker zur 1. Ginn ass a bis an d’Joer duerno op der 1 bliwwen ass. Um Album drop sinn 3. Songs vum Linkin Park "Meteroa" Album an der 4. vum "Hybrid Theory" Album, déi alleguerte vum Jay-Z an the Roots gemixt goufen. “Numb/Encore” sollt 2006 e Grammy Award fir di beschte Rap/Sung Collaboratioun kréien. Den Jay-Z sollt um nämmlechten Dag 3 Joer virdrun als éischte Rapper en MTV Unplugged Album erausbréngen.

 

8 Joer ass et dann haut hier dat d’Katy Perry fir eng 3. Kéier an den USA zur 1 vun de Single Charts ginn ass, dat mat sengem „Firework“ vum Album „Teenage Dream“.

 

An da kritt d’Sia haut 43 Joer. Di Australesch Singer a Songwriterin sollt un der Säit um David Guetta an „Titanium“ 2011 grouss duerchstarten. Zanterhier si Songs wéi „Chandelier“, „Cheap Thrills“ oder och „Flames“ a rezent „Thundercloud" mat sengem Nieweprojet LSD erauskomm. 8 Alben, 6 Live-Alben a 35 Single ginn op säi Kont.

 

Och d’Christina Aguilera huet haut Gebuertsdag! 38 Joer kritt d’Musekerin déi 1998 e Plackekontrakt kritt huet a mat „Genie in a Bottle“ direkt e Mega Hit gelant huet. Mat iwwer 75 Milliounen Alben a Singlen déi et verkaf huet, zielt et zur Elite vun de Musekerinnen.  Mat „Liberation“ huet d’Christina Aguilera dëst Joer en éischten Album no 6 Joer erausbruecht.