This Day in Music - 17. DezemberIsrael Kamakawiwo’ole & Gotye

Haut op engem 17. Dezember...

Leschten Update: 19.12.2018, 12:24:55

© ROBYN BECK / AFP

Am Eldo Chartbreaker gouf et haut viru 7 Joer eng nei Nummer 1. De Gotye an d’Kimbra si mat „Somebody That I Used To Know“ vun Iech fir ganzer 5 Wochen op d‘1 gewielt ginn. D’Lidd huet 2 Grammy’e kritt, ënnert anerem fir den Hit vum Joer 2011. D’Lidd huet sech weltwäit knapp 12 Millioune mol verkaf. De Song sollt et an eisem 25 Joer Eldo Chartbreaker op di 3. Plaz packen.

 

D’Éisträicher haten am Joer 1995 e bëssen en aneren Chrëschtdagssong am Senn. Dem Coolio säin „Gangst’as Paradise“ sollt haut virun 23 Joer zur 1 ginn a fir ganzer 9. Wochen op der Plaz 1 bleiwen. De Song, deen e Sample vun engem Stevie Wonder Song ass, ass a bleift dem Coolio säi gréissten Hit.

 

An e Nummer 1 Hit an Däitschland hat den Israel Kamakawiwo’ole. Säin „Somewhere over the Rainbow“ ass haut virun 8 Joer zur 1 ginn. 3 Wochen ass de Song op der 1 bliwwen. Ma e sollt am spéide Januar vum Joer 2011 zréck op d‘1 klammen a nach eng Kéier fir 9 Wochen op der 1 bleiwen, wat also insgesamt 12 Wochen ausmëscht. Vu sengem Succès sollt den Hawaiianesche Museker awer näischt matkréien, hien ass am Joer 1997 am Alter vu just 38 Joer un Otemnout verstuewen.