This Day in Music - 20. DezemberThe Bangles, George Michael & Katy Perry

Haut op engem 20. Dezember...

Leschten Update: 20.12.2018, 04:42:08

© TIMOTHY A. CLARY / AFP

32 Joer ass et haut hir dat The Bangles e 4 Woche Stint op der Plaz 1 vun de US Single Charts ugetrueden hunn. D’Lidd  „Walk Like An Egyptian“  war op hirem 2. Album “A Different Light” mat drop an huet sech e puer Millioune mol weltwäit verkaf. Um Album drop ass och hiren Hit “Manic Monday”.

 

Den George Michael sollt haut virun 12 Joer e ganz besonnesche Concert zu London spillen, ee fir just fir Infirmièren. An dat als Merci fir all déi léif Infirmièren déi sech virum Kriibsdout vu senger Mamm esou gutt ëm si gekëmmert haten.

 

10 Joer ginn et haut dat d'Katy Perry fir 3. Wochen zur 1 am Eldo Chartbreaker ginn ass mat sengem „Hot N Cold“.  9 Joer ass et haut hier dat de Marilyn Manson fir e Concert zu Lëtzebuerg an der Rockhal war. 4 Joer méi spéit stoung de Stromae an der Rockhal op der Bühn.