On that Day - 2. JanuarGuns N' Roses, Green Day & Gnarl Barkley

Haut op engem 2. Januar...

Leschten Update: 03.01.2019, 18:47:16

© Eldoradio

Reng Musikalesch si mir haut ennerwee: Guns’N’Roses sinn hei zu Lëtzebuerg am Eldoradio Chartbreaker zur Plaz 1 ginn. Dat war um 2. Januar 1993. Hiren Hit vun deemools war „Yesterdays“ vum Album „Use Your Illusion II“. Den Album mat e.a och “Knockin’ on Heaven’s Door” war schonn 1 an ½ Joer virdrun eraus komm. „Yesterdays“ sollt den 3. Release sinn.

“American Idiot” vu Green Day ass viru genau 14 Joer op d’Plaz 1 vun de UK Album Charts geklommen. Den Album sollt fir 7 Grammy’e nominéiert ginn. Dovun huet d’Band ëm de Sänger Billie Joe Armstrong de Grammy fir de Beschte Rock Album vum Joer 2005 gewonnen. Um Album drop sinn d’Hits „American Idiot“, „Boulevard of Broken Dreams“, „Holiday“ a „Wake Me Up When September Ends“.

An um 2 Januar 2007 hunn d’Brite bekannt ginn, dat de Gnarls Barkley Hit “Crazy” de meeschtverkaafte Song vum Joer 2006 war. Ronn 700.000 mol huet sech d’Lidd verkaf gehat. De Song war och de meescht gedownloade vum Joer 2006! Den US Duno ëm den CeeLo Green an den Danger Mouse huet säit 2010 net méi zesumme geschafft. Neit Material kinnt awer dëst Joer erauskommen. Dohannert steet awer e grousst Froenzeechen.