On That Day - 7. JanuarKaty Perry, Ellie Goulding & Aloe Blacc

Haut op engem 7. Januar...

Leschten Update: 07.01.2019, 07:34:56

© JUSTIN TALLIS / AFP

7 Joer ginn et haut, dat d’Katy Perry mat sengem Album „Teenage Dream“ Geschicht geschriwwen huet. 7 Single vum Katy Perry sengem 3 Album hunn et an Amerika an den Dance Charts net nëmmen an d’Klassement gepackt, ma se stoungen alle 7 op der 1. Dat waren e.a d’Hits „California Gurls“, „Teenage Dreams“ oder „The One That Got Away“. Den Album krut eng sellege Mol Platin an huet sech iwwer 5 Millioune mol verkaf. Mat produzéiert gouf dee Longplayer iwwregens vum Benny Blanco.

 

4 Joer ginn et haut, dat d’Ellie Goulding säi 50 Shades of Grey Soundtrack „Love Me Like I Do“ erausbruecht huet. De Song sollt e Nummer 1 ginn. Net nëmmen a senger britescher Heemecht mä och hei zu Lëtzebuerg am Eldo Chartbreaker.

Haut ass et dann e Joer hier, dat déi franséisch Musekerin France Gall am Alter vu 70 Joer u Kriibs verstuerwen ass.

Haut kritt dann den US Museker Aloe Blacc 40 Joer!

De Schauspiller Nicolas Cage kritt der 55.

An d’Sportler Lewis Hamilton, Formel 1 Weltmeeschter, kritt der 34. An de belsche Fussballstar Eden Hazard kritt der 28.