On That Day - 3. JanuarMichael Schumacher, Aretha Franklin & Bon Jovi

Haut op engem 3. Januar...

Leschten Update: 07.01.2019, 08:31:31

© JEFF HAYNES / AFP

De Rekord Formel 1 Weltmeeschter Michael Schumacher kritt haut 50 Joer! Den däitsche 7-fach Weltmeeschter ass säit sengem Skiaccident am Dezember 2013 awer net méi an der Ëffentlechkeet ze gesi gewiescht. Mat sengen 91 Grand-Prix Victoiren huet den Ex-Weltmeeschter nach ëmmer 20 Victoire méi um Kont, wéi de Lewis Hamilton, deen an der Lescht op di 2 Plaz kennt.

 

An der Muskeswelt ass et haut 32 Joer hier dat d’Aretha Franklin a n d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. D’Tina Turner, d’Janis Joplin, d‘Madonna a vill weider Sängerinne sollten dem Aretha Franklin dat an de Joeren duerno no maachen. D’Queen of Soul, Aretha Franklin sollt am leschten August am Alter vu 76 Joer un de Suite vu Bauchspeicheldrüsekriibs verstiewen.

 

Um Dag vun haut am Joer 92 hunn da Bon Jovi hire 5. Album „Keep the Faith“ erausbruecht. 49 Woche sollt den Album an den USA op der 1 bleiwen.

An de P. Diddy huet sech haut viru 16 Joer fir de gudden Zweck gequäält. Beim New York Marathon ass hien an eppes Klenges manner wéi 5 iwwert di voll Distanz gelaf. Dobäi huet hien 2. Milliounen US Dollar gesammelt, déi an de New Yorker Schoulsystem gefloss sinn.