On That Day - 4. JanuarCarlos Santana, Labrinth & Till Lindemann

Haut op engem 4. Januar...

Leschten Update: 07.01.2019, 08:35:35

© Christoph Schmidt / dpa / AFP

Haut feieren d’US Billboard Charts 83. Gebuertsdag! Um 4. Januar 1936 sollte si fir eng éischte Kéier eng Chartlëscht op der Basis vun de Verkafszuelen an den Airplays vun de Radiostatiounen an den USA verëffentlechen. . Déi éischten Number One iwwerhaapt war de Song „Stop! Look! Listen!“ vum Joe Venuti a sengem Orchester.

 

Da sollt de Carlos Santana haut viru 19 Joer fir 10 Grammy Awards nominéiert ginn. Den 23. Februar vun dem Joer sollt hien dann och direkt 8 Präisser gewannen. Dorënner dee fir den Album vum Joer fir „Supernatural“ an d’Präisser Record of the Year a Song of the Year fir „Smooth” mam Rob Thomas.

 

30 Joer kritt dann haut de britesche Museker Labrinth! Hien sollt e.a 2014 mat „Let It Be“ en Hit hunn, ma ganz erfollegräich ass hien och aktuell mam Sia an dem Diplo an hirem Trio, dee sech LSD nennt a fir de Song „Thunderclouds“ responsabel ass.

A 56 Joer kritt haut de Sänger vu Rammstein den Till Lindemann! Mat senger Band ass hie Samschdes den 20 Juli Live zu Lëtzebuerg, zu Réiser um Herchesfeld. De Concert ass Sold Out.

 

An et muss ee soen, dat se laang ausgehalen hunn. Am Joer 1928 hunn zu Kopenhagen an Dänemark Barber ugefaange mat streiken. Hire Streik ass mat der Zäit am Sand verlaf. Eréischt um 4. Januar 1961 hu si hire Streik fir eriwwer erkläert. Als Belounung sinn se an d’Guinness Buch vun de Rekorder opgeholl ginn, fir de längste Streik vun allen Zäiten.