On That Day - 8. JanuarEd Sheeran, Elvis Presley & David Bowie

Haut op engem 8. Januar...

Leschten Update: 10.01.2019, 13:01:28

© STAN HONDA / AFP

Haut virun 8. Joer sollt e gewëssenen Ed Sheeran seng 5. A leschten EP mat 8. Lidder drop erausbréngen. D’EP mam Numm „No. 5 Collaborations Project“ sollt et op d’46 vun de britesche Charts packen an d’Opmierksamkeet vum Elton John gewannen. Deen huet dem Ed Sheeran doropshin e Plackekontrakt an d’Rei gemaach an de Grondsteen fir eng mega Karriär geluecht.

 

2 musikalesch Gebuertsdeeg haut, vun 2 groussen déi awer net méi ënnert eis sinn. Den Elvis Presley ass op engem 8. Januar 1935 gebuer. Hien hätt haut 84 Joer kritt. Ma de King of Pop ass am August 1977 am Alter vun 42 Joer dout a senger Wunneng zu Memphis, am US Bundesstaat Teneessee fonnt ginn. Offiziell ass hien un Häerzversoe verstuewen.

An den David Bowie hätt der haut 71 kritt. De briteschen Ausnahmekënschtler ass virun 2 Joer um 10. Januar, also 2. Deeg no sengem 69 Gebuertsdag u Liewerkriibs verstuewen. Eleng zu senge Liefzäiten huet hien 140 Milliounen Alben a Single verkaf.