On That Day - 9. JanuarQueen, Sean Paul & iPhone 1

Haut op engem 9. Januar..

Leschten Update: 10.01.2019, 13:04:24

© FADEL SENNA / AFP

Um leschten Dag vum Joer 1975 hu Queen d’Single “Bohemian Rhapsody“ erausbruecht. Um 9 Januar 1976, also viru genau 40 Joer ass d’Lidd an England zur Number One ginn. 9 Woche laang sollt „Bohemian Rhapsody“ un der Chartspëtz bleiwen a sech an dem Zäitraum iwwert 1 Millioun mol verkafen. Nom Freddie Mercury sengem Dout am November 91 ass d’Lidd nach eemol fir 5 Wochen un d’UK Single Chart-Spëtz geklommen. Zanter 2004 ass den Hit an der Grammy Hall of Fame.

Haut virun 10 Joer hu Mando Diao hiren “Dance With Somebody” erausbruecht. E Song vum Album “Give Me Fire”, deen et am Chartbreaker op d’1 gepackt huet an och soss en internationalen Hit ginn ass.


Haut huet de Sean Paul Gebuertsdag. Den Jamaikanesche Museker kritt der haut 46.

 

Am Joer 1937 ass mat Don Donald den éischten Donald Duck Cartoon ausgestraalt ginn. An dem gouf et dann och eng éischte Kéier iwwerhaapt d’Daisy Duck ze gesinn.

 

An haut virun 12 Joer sollt den Apple Grënner Steve Job den éischten iPhone presentéieren. Op der MacWorld huet hien an enger 50 Minutte Ried d’Gerät virgestallt. Enn Juni vun dem Joer ass d’Gerät an de verkaf gaangen. Eleng an den éischten 2. Deeg sinn eng 270. Dausend Stéck verkaf ginn.