On That Day - 10. JanuarTintin, Black Eyed Peas & David Bowie

Haut op engem 10. Januar

Leschten Update: 10.01.2019, 13:07:10

© Robyn Beck / AFP

Am Eldo Chartbreaker stoungen d’Black Eyed Peas haut viru 15 Joer mat hirem “Shut Up” op der 1. De Song vum 3. Black Eyed Peas Album “Elephunk” ass 2. Woche ganz uewe bliwwen. Entstanen ass d’Lidd wëll d’Museker wärend dem Songwriting ëmmer nees vun hire Frëndinnen ugeruff kritt hunn an zimlech genervt dovu waren.

 

Da sollte Panic! at the Disco haut virun 11 Joer hire Numm geännert! D’Ausruffzeechen no Panic! Ass ewech gefall, awer och just fir e Joer, dunn gouf et erëm dru gehaangen.

 

An zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag an dem Release vu sengem 25. Album „Blackstar“, ass de briteschen Ausname-Museker David Bowie haut virun 3. Joer un de Suite vu Liewerkriibs verstuewen. Säin Album sollt duerno duerch de Plafond goen.

 

An da feiert haut de Londoner Underground Gebuertsdag. Déi éischte Metro, U-Bahn oder Subway, wéi och ëmmer ee se nenne well, ass um 10. Januar 1863 a Betrib gaangen. Den esou genannte Metropolitain Railway huet d’Passagéier vu Paddington an den Zentrum bruecht. Nach haut ass dee Streckendeel am Londoner Underground-Netz agebonnen.

 

Am Joer 1929 sollt op engem 10. Januar den Tintin virgestallt ginn! Eng éischte Kéier war en Tintin-Comic an der belscher Zeitung „Le Petit Vingtième“ ze gesinn. Vu 1946 hunn haten den Tintin an de Milou dann hier eegent Comic-Buch.