On That Day - 11. JanuarPharell Williams, Backstreet Boys & Mary J. Blige

Haut op engem 11. Januar...

11.01.2019, 13:07:18

© YOSHIKAZU TSUNO / AFP

5 Joer ass et haut hier dat dem Pharell Williams säin “Happy” am Eldo Chartbreaker fir 2. Wochen zur 1 ginn ass! Et sollt de Song vum Joer 2014 ginn an dat Lidd sinn, dat haut op der Plaz 8 vun de Best Selling Singles vun allen Zäiten  an de Uk zielt. Gutt 14 Millioune Mol ass de Song, deen och e Grammy gewonnen huet, bis haut weltwäit verkaf ginn.


22 Joer ass et dann haut hier dat d’Backstreet Boys fir 1. Samschden zur Plaz 1 vum Eldo Chartbreaker gi sinn. „Hiere Quit Playing Games“ vum Debutalbum „Backstreet Boys“ sollt de bis dohin erfollegräichste Backstreet Boys Song ginn. De Song sollt zwar richteg erfollegräich sinn, ma an hirer Amerikanescher Heemecht just e Number 2 Hit ginn.

 

An haut hunn d’Mary J. Blige an de Mark Forster Gebuertsdag. Déi 9. Fach Grammy an 3. Fach Golden Globe Gewënnerin kritt der haut 48. Haut virun engem Joer sollt d’Musekerin um Hollywood Walk of Fame e Stär kréien.

An den däitsche Museker an The Voice Juror, Mark Forster kritt der 35.