On That Day - 14. JanuarDave Grohl, Oasis & Imagine Dragons

Haut op engem 14. Januar...

Leschten Update: 14.01.2019, 09:25:14

© Nicolas Armer / dpa / AFP

Haut kritt de fréiere Nirvana Batteur an aktuelle Leadsänger vun de Foo Fighters, den Dave Grohl der 50! Et ass e Museker dee mat gebrachenem Been op der Bühn stoung an och soss wéinst ville Sympathie-Aktiounen extrem beléift bei de Fans ass. Mat de Foo Fighters huet hien 9. Alben erausbruecht!

 

Den Oasis Mega-Album „What’s The Story, Morning Glory” sollt haut virun 23 Joer op d’Plaz 1 vun de UK Album Charts klammen a sech ganzer 145 an den Charts halen. Den Album mat de Singlen “Wonderwall” a “Don’t Look Back in Anger” hunn dozou bäigedroen dat den Album op d'2 vun de schnellstverkafenen Alben op der Insel eropgeklommen ass, hannert dem Michael Jackson säi “Bad”. De Longplayer huet sech 12 Millioune mol verkaf.

 

 2 Wochen 1 vun de UK Charts haut virun 12 Joer fir dem Amy Winehouse säin Album “Back to Black”. Knapp 3,6 Millioune mol huet sech säi Longplayer eleng a Groussbritannien verkaf, Weltwäit kënnt di verstuerwe Sängerin op iwwer 20 Millioune Sales mam „Back to Black“ Album. E Grammy an der Kategorie „Best Pop Vocal Album“ gouf et am Joer 2008 och.

 

3 Joer ass et dann haut hier, dat d’Imagine Dragons zu Lëtzebuerg an der Rockhal waren. Bei hirem Optrëtt am zu dem Zäitpunkt verschneite Lëtzebuerg hunn si hiren zu dem Zäitpunkt neien Album „Smoke+Mirros“ presentéiert, ma e.a awer och „Song 2“ vu Blur gecovert.

 

An haut ass den Alan Rickman, virun allem bekannt duerch seng Harry Potter Roll als Professor Severus Snape 3 Joer dout! De Schauspiller sollt u Bauchspeicheldrüsekriibs verstiewen a 69 Joer al ginn.