On That Day - 15. JanuarDolores O'Riordan, Martin Luther King & Wikipedia

Haut op engem 15. Januar...

Leschten Update: 15.01.2019, 15:15:59

© AFP FILES / AFP

Haut ass d’Cranberries Sängerin Dolores O’Riordan 1 Joer dout. Déi iresch Musekerin war zu London fir mat de Museker vu Bad Wolves an de Studio ze goen. Dozou sollt et awer ni kommen. D’Musekerin ass am Alter vu 46 dout a sengem Hotelszëmmer fonnt ginn. D’Dolores O’Riordan ass an der Bridden erdronk. Et stoung zu dem Zäitpunkt ënner staarkem Alkoholafloss. D’Museker vu Bad Wolves hunn als eng Art Tribute de Song „Zombie“ eleng opgeholl. De Song sollt zu engem Hit ginn.

 

4. Wochen Number One an de US Single Charts viru 37 Joer fir Men At Work an hiren „Down Under“. Di Australesch Grupp huet mat hirem 2 Song iwwerhaapt, hiren 2 Number One Hit an de US Single Charts higeluecht. D’Lidd war “Down Under” war drop op hirem Debutalbum “Business as Ususal”. Elleng an den USA huet d’Lidd sech iwwer 2 Millioune mol verkaf.

 

Da feiert haut Wikipedia Gebuertsdag. D’Online Enzyklopedie ass um Dag vum haut am Joer 2001 online gaangen. Fir d‘1 an englescher Sproch. An de Méint duerno sollten och nach wieder Sproochen nokommen. Mat iwwer 5,7 Milliarden Artikel ass Wikipedia an Englescher déi gréissten Online Enzyklopedie am Netz.

 

An dann hätt de Martin Luther King haut 90 kritt. Den Us Biergerrechtler dee sech an de 50er a 60er fir d Ënnerdréckung an déi sozial Ongerechtegkeet géint d’Afroamerikaner staark gemaach huet, sollt um 4. Abrëll 1968 vun engem Attentäter erschoss ginn. Hien sollt 39 Joer al ginn.