On That Day - 16. JanuarColdplay, The Killers & Cro

Haut op engem 16. Januar...

Leschten Update: 21.01.2019, 10:11:58

© Eldoradio

De 16. Januar ass e gudden Dag fir all Coldplay Fan. Um Dag vun haut virun 21 Joer hunn d’Museker nämlech hiren alleréischte Concert iwwerhaapt gespillt. Dat deemools awer nach ënnert dem Numm Starfish. De Concert war an engem klénge Londoner Pub. De grousse Succès sollt 2 Joer duerno mam Song „Yellow“ an dem Debutalbum „Parachutes“ antrieden.

 

Plaz 1 an de UK Album Charts fir dat éischten The Killers Wierk „Hot Fuss“. Dat ass haut 14 Joer hier. Hier éischte Single „Somebody Told Me“ sollt op der 3 Plaz debütéieren. D’US Amerikaner sollt den Longplayer mat och „Mr. Brightside“ drop huet sech iwwer 7 Millioune mol verkaf.

 

Haut viru 5 Joer war de Mann mat der Panda-Mask, de Cro zu Lëtzebuerg. Éier hien Owes an der Rockhal op der Bühn stoung, war hien bei eis am Eldo Nomëtteg op Besuch. Do huet e seng Mask och ofgeluecht, awer eréischt nodeems d Kameraen aus waren.