On That Day - 17. JanuarMarks Ronson & Bruno Mars, Calvin Harris & Michelle Obama

Haut op engem 17. Januar...

Leschten Update: 21.01.2019, 10:15:14

© ROBYN BECK / AFP

“Uptown Funk” vum Mark Ronson an dem Bruno Mars sollt um 17 Januar 2015, also haut virun 3 Joer zur 1 an den USA ginn. 7 Wochen ass de Song op der 1 bliwwen. Um Enn vum Joer ass de Song zum Hit vum Joer an den USA ginn. Dee Song dee fir de Mark Ronson ee vu senge beschten ass, sollt säin éischten Nummer 1 Hit ginn, wou hien als Museker bedeelegt war, a net just am Hannergrond geschafft huet.

 

23 Joer ass et haut hier dat e.a Pink Floyd an den David Bowie an d’Rock and Roll Hall Of Fame opgeholl gi sinn.

21 Joer ginn et dat d’Natalie Imbruglia am Chartbreaker zur 1 ginn ass. 2 Wochen ass säin „Torn“ uewe bliwwen.

 

Haut huet dem Ex First Lady, d’Michelle Obama Gebuertsdag. D’Fra vum Barack Obama kritt 55 Joer. Zu hirer Zäit als First Lady ass d’Michelle Obama zur Stil Ikon ginn,  déi sech extrem fir Kanner an d’Educatioun agesat huet.

Och haut Gebuertsdag hätt haut den de Scarface gehat. Den Al Capone wéi e richteg geheescht huet, war ee vun de populäerste Verbriecher aus dem 20 Joerhonnert. Seng Liewensgeschicht ass an iwwer 20 Filmer verfilmt ginn.

Nieft dem gréisste Verbriecher, wier dann och ee vun de gréisste Sportler méi al ginn. De Muhammad Ali hätt der haut 77 kritt. Den Ali sollt am Juni 2016 no laanger Parkinson-Krankheet am Alter vu 74 Joer verstiewen.

E weidere Gebuertsdag: De briteschen Top-Producer a Rekordhalter vu Nummer 1 Hits an de Uk an dësem Joerdausend, de Calvin Harris kritt der haut 35! En éischte richteg groussen Internationalen Hit sollt en 2009 mam Rihanna an dem Song „We Found Love“ hunn.