On That Day - 18. JanuarStevie Wonder, Glenn Frey & One Republic

Haut op engem 18. Januar...

Leschten Update: 21.01.2019, 10:17:54

© ROBYN BECK / AFP

Mat grad emol 38 Joer ass de Stevie Wonder haut virun 30 Joer als jéngste liewege Museker iwwerhaapt an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. Mat him sinn och d’Rolling Stones Member ginn.

 

Haut ass den 3. Doudesdag vum Eagles Grënner Glenn Frey. De Rockmuseker sollt 67 Joer al ginn. Mat den Eagles hat hien iwwer 150 Milliounen Alben a Single verkafen. Eleng hire Greatest Hits Album vu 1971 bis 1975 huet sech an den USA esou oft verkaf, dat en do op der 1 vun de Best-Selling-Albums vun allen Zäite steet, esou guer virum Michael Jackson sengem Thriller.

 

Plaz 1 an Däitschland fir „Apologize“ vum Timbaland a One Republic haut virun 12 Joer!

Eng éischte Plaz déi d'Dire Straits mat „Brothers in Arms“ och op engem 18. Januar anhuele sollten. Dat war an de UK an dat war 1986. 10. Woche sollt den Album op der 1 a Groussbritannien bleiwen. Den Album dee schoun am Mee vum Joer virdrun erauskomm war, sollt sech 30 Millioune mol verkafen.