On That Day - 21. JanuarSaturday Night Fever, Mika & Die Toten Hosen

Haut op engem 21. Januar...

Leschten Update: 21.01.2019, 10:20:10

© Eldoradio

De „Saturday Night Fever“ Soundtrack sollt fir 24. Wochen an de US Album Charts op d’1 klammen, eng éischte Kéier um Dag vun haut virun 41 Joer! 30 Millioune mol huet sech de Soundtrack mat de Bee Gees Hits „Stayin‘ Alive“ a „Night Fever“ drop verkaf.

 

An och zu Lëtzebuerg sollt den Ed Sheeran haut virun 2 Joer op der 1 vum Eldo Chartbreaker ukommen. „Shape of You“ ass zwar zäitgläich mat „Castle on the Hill“ erauskomm, ma dat éischt genanntent Lidd sollt de groussen Ed Sheeran Succès am Joer 2017 ginn. De Song vum Album „Divide“ ass 6. Wochen hei zu Lëtzebuerg op der 1 bliwwen an um Enn vum Joer am Eldo Joreschartbreaker hanner Despacito op der 2 komm.

 

„Grace Kelly“ vum Mika sollt säin éischte Nummer 1 Hit iwwerhaapt ginn. De Song ass um Dag vun haut virun 12 Joer an de UK zur 1 ginn. De Song sollt direkt vun der 0 op d‘1 an d Charts klammen an um Podium vun de Best-Selling Single vum Joer ofschléissen. "Umbrella" vum Rihanna den Jay-Z an dem Leona Lewis säi „Bleeding Love“ waren déi eenzeg Songs déi sech méi oft verkaf hunn.

 

An d'Toten Hosen hunn haut viru 17 Joer hire 16. Album „Auswärtsspiel“ erausbruecht. Drop si nieft dem Titeltrack och „Kein Alkohol (ist auch keine Lösung)!“, „Steh auf, wenn du am Boden bist“ a „Nur zu Besuch“.