On That Day - 22. JanuarDon McLean, Adele & Temperatur-Schock

Haut op engem 22. Januar...

Leschten Update: 22.01.2019, 04:59:02

© VALERIE MACON / AFP

Dem Don McLean säin Album “American Pie” ass haut viru 47 Joer op d’1 vu den US Album Charts geklommen. Mat drop um Album war dem US Amerikanesche Folksänger säin gréissten Hit mam nämmlechten Numm “American Pie”. E Lidd wat iwwer 8 Minutten dauert, 4 Wochen op der 1 vun de US Charts stoung a vun der US Rekord Industrie, der RIAA op d’Plaz 5 vun de beschte Songs vum Joerdausend gesat gouf. Op d’Fro vum Sënn hir vum Lidd, äntwert de McLean bis haut et wier just Poesie. Gecovert gouf d'Lidd e.a vum Madonna.

 

Neie USA Rekord fir d’Adele, haut viru 7 Joer. Säin 2 Album „21“ stoung 16 Wochen um Stéck un der Spëtz vun den Album Charts an ass domat mam Soundtrack Album vum Film „Titanic“ gläichgezunn. Domat huet d’Adele d’Beatles an och Pink Floyd op d’Plaze verwisen. „The Wall“ vu Pink Floyd an „Sgt Pepper’s“ vun de Beatles haten et all Kéiers 15 Wochen um Stéck op der 1 ausgehalen.

 

An et ass haut 66 Joer hier, dat meteorologesch eppes aussergewéinlech passéiert geschitt ass. Zu Spearfish am US Bundesstaat South Dakota ass d’Temperatur duerch di waarm Loft déi vun de Bierger erof geblose ginn ass, an 2 Minutte vu -20 Grad op Plus 7 Grad geklommen! Dat war Moies um hallwer 8. Um 9 Auer waren et 12 Grad Plus. Wou de Wand sech geluecht huet, sinn d Wäerter a 27 Minutte vu +12 op erëm -20 Grad gefall. Duerch den Temperatur-Schock si Fënstere gesprongen a innerhalb vu Sekonne komplett zougefruer.