On That Day - 23. JanuarRock and Roll Hall of Fame, Santana & Frisbee

Haut op engem 23. Januar...

Leschten Update: 23.01.2019, 04:56:01

© Christoph Schmidt / dpa / AFP

Et ginn haut 33 Joer dat fir eng éischte Kéier Museker an d’Rock And Roll Hall of Fame opgeholl gi sinn. Gegrënnt ginn ass den Archive am Joer 83 ma eréischt 3 Joer méi spéit huet ee mat Cleveland e permanent doheem fonnt. Zu den éischte Museker déi fir hire besonnesche Contributioun fir d’Musekswelt an d Rock and Roll Hall of Fame opgeholl goufen, hunn um Dag vun haut virun 33 Joer de Ray Charles, den James Brown an den Elvis Presley gehéiert.

 

“The Way You Make Me Feel” vun Michael Jackson ass haut virun 31 Joer als 3 Song vu sengem 7 Album “Bad” op d’Plaz 1 vun de US Single Charts geklommen. Fir den Album “Bad” hat de Michael Jackson 60 Songs geschriwwen. Amfong wollt hien 3 Longplayer gläichzäiteg erausbréngen, ma säi Producer konnt hin awer nach rechtzäiteg ëmstëmmen. Den Album huet sech ëm 35 Millioune mol op der ganzer Welt verkaf.

Net ganz esou laang ass et beim Santana hier. Säin „Supernatural“, deen Album deen him 8. Grammy Awards abrénge sollt, ass zum Number One album an de States ginn. Drop um Album ass de Song “Smooth” mam Rob Thomas gewiescht. Den Album ass 9 Wochen op der 1 an den USA bliwwen.

 

An dee Mann, deen aus ronne Kucheformen d’Potential vum spéidere Frisbee entdeckt huet, huet d’Rechter op sengem Patent um Dag vun haut virun 62 Joer un eng grouss US Firma verkaf. Dat sollt d’Gebuertsstonn vum Frisbee, wéi mir en haut kennen, sinn.