On That Day - 24. JanuarThe Offspring, Pink & Apple

Haut op engem 24. Januar...

Leschten Update: 24.01.2019, 14:58:13

1 an de UK Single Charts haut virun 20 Joer fir The Offspring a “Pretty Fly, For a White Guy”! De Song war op hirem 5. Album drop a sollt en internationalen Hit ginn. Just an der Heemecht ass d’Lidd net mol an d’Top 50 vun den Charts geklommen. D’US Punk Museker waren d lescht Joer am Juni fir eng éischte Kéier fir e Concert zu Lëtzebuerg.

 

Nummer 1 am Eldo Chartbreaker haut virun 11 Joer fir de Song “Sober” vum Pink. D’Lidd war no “So What” den zweete Release vum Pink sengem 5 Album “Funhouse”. Am Joer 2010 war hat mam Lidd fir e Grammy an der Kategorie Best Female Pop Vocal Performance nominéiert.

 

Apple huet de „Mac“ um Dag vun haut fir eng éischte Kéier an de Verkaf bruecht! Dat war am Joer 1984. Et war den éischte Computer den eng Software-Komponent an eng Maus hat. Besonnesch war och, dat bannen am Computer un der Hüls d Ënnerschrëfte vun all den Entwéckler waren.