On That Day - 25. JanuarEagle-Eye Cherry & Alicia Keys

Haut op engem 25. Januar...

Leschten Update: 25.01.2019, 05:00:03

© FADEL SENNA / AFP

De Schwedesche Museker Eagle-Eye Cherry huet um um Dach vun haut viru 15 Joer zu Lëtzebuerg am Atelier gespillt. Mat 2 Platin gekréinten Alben am Gepäck ass de Museker ee Joer nodeems en um Terres Rouges Festival gespillt huet, zréck an eist Land komm. Mat op der Setlist stoungen natierlech och seng Hits „Falling In Love Again“ a “Save Tonight”.

 

D’Alicia Keys huet haut Gebuertsdag. Di US-Amerikanesch R&B Sängerin a 15 Grammy-Gewënnerin kritt haut 38 Joer. D’Alicia Keys huet iwwer 25 Milliounen Alben a Singlen weltwäit verkaf. Eréischt an der leschter Woch ass bekannt ginn, dat d’Soul & RB Musekerin dëst Joer d’Grammy Awards moderéiere wäert. Mat „Fallin‘“ hat d’Musekerin 2001 en éischte richteg groussen Hit!

 

An zu Chamonix a Frankräich, hunn haut viru 96 Joer déi éischten Olympesch Wanterspiller iwwerhaapt ugefaangen. Vun de 9. Disziplinnen, waren der 8. Ausschliisslech fir Männer. Déi 13 Fraen déi un de Spiller deel geholl hunn ware just am Äiskonschtlafen ënnerwee. Interessant ass och, dat den Event och eréischt 2 Joer duerno als 1. Olympesch Wanterspiller unerkannt gouf. Bis dohin huet ee vun enger internationaler Wantersportwoch geschwat. Am erfollegräichste waren iwwregens d Norweger mat 4 Gold-Medailen a 17 Medailen insgesamt.