On That Day - 28. JanuarTLC, Bruno Mars & Gianluigi Buffon

Haut op engem 28. Januar 2019

Leschten Update: 28.01.2019, 06:45:42

4 Woche Spëtzepositioun fir d’Girls-Group TLC virun 24 Joer mam Track “Creep”. Den éischten Number One Hit vun den 3 Amerikanerinnen. Fir hir éischte Single iwwerhaapt, hunn di 3 Amerikanerinnen e Grammy an der Kategorie „Best R&B Performancye by a Duo or Group with Vocals“ kritt. Nëmmen 2 Lidder waren am Joer 1995 méi erfollegräich wéi „Creep“. Dorënner d’Lidd „Waterfalls“ dat och vun hinnen ass.

Bei der 60. Editioun vun de Grammy Awards, huet haut virun engem Joer virun allem 1. Mann ofgerappt, de Bruno Mars. Fir den Album an de Record vum Joer gouf et e Präis fir säin „24K magic“ a säi Song „That’s What I Like“ gouf de Song vum Joer. Best New Artist ass d Alessia Cara ginn.

 

Haut kritt den italienesche Weltmeeschter a fréiere beschte Goalkeep vun der Welt, den Gianluigi Buffon der 41. De Fussballer spillt nach ëmmer, säit dëser Saison zu Paräis beim PSG.