On That Day - 29. JanuarBoomtown Rats, Green Day & Rag'N'Bone Man

Haut op engem 29. Januar...

Leschten Update: 29.01.2019, 04:50:03

© Eldoradio

Makaber ass et amfong: D'Boomtown Rats hunn 1979 en Hit gelant mat “I Don’t Like Mondays”. E Song deen esou genannt ginn ass, wëll um Dag vun haut viru 40 Joer e 16 Joer alt Meedchen an den USA 2 Persounen erschoss a 9 Leit verletzt huet. D Meedche mam Numm Brenda Spencer hat doheem aus der Fënster eraus op den Agang vun enger Schoul geschoss. Op der Sich nom Motive, huet d’Meedchen der Police mat de Wierder „I Don t Like Mondays“ geäntwert! De Song, dee vum Bob Geldof geschriwwe ginn ass, sollt am Summer 79 fir 4. Wochen op d‘1 vun de UK Single Charts klammen.

 

2 Nummer Hits am Eldo Chartbreaker, op engem 29. Januar. Am Joer 2000 sinn Him mat „Join Me“ fir 4. Wochen op d‘1 geklommen. E Song, deen an eisem 25 Joer Chartbreaker op der Plaz 95 vu 1700 Lidder ofschneide sollt.

2005 war et dun u Green Day. Aus dem Album „American Idiot“ ass „Boulevard of Broken Dreams“ fir e ganze Mount op d’Chartbreaker Plaz 1 geklommen. E Song, deen e Grammy Award fir de Record of the Year an den MTV Video Music Award fir de Video of the Year kreie sollt. Eng Präiskombi, déi biswëll eenzegaarteg an der Geschicht ass.

 

Den Arctic Monkeys Debutalbum sollt  haut virun 13 Joer e staarken Chartdebut feieren an de UK feiern. Mat 360.000 Sales an 8 Deeg ass den Album „Whatever People Say I Am That’s What I’m Not“ op d’1 an de UK geklommen.  Drop um Album si “When The Sun Goes Down” an “I Bet You Look Good on the Dancefloor”.  

 

An haut huet nieft dem Oprah Winfrey, och de Rag'N'Bone Man Gebuertsdag. Déi bekannten US Talk Show Host, Schauspillerin a Producerin kritt der 65. De briteschen "Human" an "Giant" Sänger kritt der 34.