On That Day - 30. JanuarPhil Collins, Britney Spears & Jonas Blue

Haut op engem. 30 Januar...

30.01.2019, 14:50:58

© Jewel SAMAD / AFP

Haut huet de Phil Collins Gebuertsdag! De fréiere Genesis Member kritt 68 Joer. Nodeems hien sech aus gesondheetleche Grënn aus der Musek zréckgezunn hat, huet de Brit am  Joer 2017 e Comeback gefeiert. A seng Tour geet och an dësem Joer mat Open Air Optrëtter ronderëm Lëtzebuerg wieder. De Phil Collins huet a senger Carrière iwwer 150 Milliounen Alben a Singlen weltwäit verkaf an zielt zu de Best-Selling Artists op der Welt.

 

...Baby One More Time“ vum Britney Spears sengem Debutalbum sollt no 11 Wochen an de US Single Charts um 30. Januar 1999 dann och endlech op d’1 klammen. Den Album mam nämmlechten Titel sollt zäitgläich e Nummer 1 Album an de US Charts ginn an zum bescht verkaften Debutalbum vun allen Zäiten avancéieren.

 

19 Joer ass et haut hier dat d'Bloodhound Gang zu Lëtzebuerg am Atelier gespillt huet,

A 4. Joer ginn et dann haut, dat dem Jonas Blue säin Tracy Chapman Cover „Fast Car“ op d‘1 vum Eldo Chartbreaker geklommen ass. De Song sollt eng Woch un der Spëtz bleiwen an den éischten Hit vum britesche Museker ginn. An der britescher Heemecht sollt de Song d'Spëtzepositioun awer net erklammen. Mat der Plaz 2 ass d Lidd awer méi héich an de UK Single Charts gewiescht, wéi den Original aus dem Joer 88.

 

An och schoun an den 80er gouf et Computer-Viren. Den éischten iwwerhaapt ass um 30. Januar 1982 an den Ëmlaf gaangen. De Virus mam Numm Elk Cloner sollt vun engem 15 Järegen kreéiert ginn. De Jong wollt sech e Spaass maachen. De Virus sollt sech iwwer Disketten verbreeden an huet fir e Neistart provozéiert. Méi Schued sollt awer net entstoen.