On That day - 31. Januar Justin Timberlake, Queen & Mando Diao

Haut op engem 31. Januar...

Leschten Update: 31.01.2019, 04:44:03

© VALERIE MACON / AFP

Haut huet den Justin Timberlake Gebuertsdag. Den Acteur a Museker, deen am leschte Joer mat "Man of the Woods" e neien Album erausbruecht huet an domat op grousser Europa Tour war, kritt der haut 38. De fréieren NSYNC Museker zielt Solo iwwer 56 Millioune Single Sales.

 

Mir hunn mol Kéier e Nummer 2 Hit dee mir mathuelen. „Radio Ga Ga“ vu Queen sollt haut virun 35 Joer an di britesch Charts eraklammen an 11 Woche vertruede bleiwen. Fir de Song sollt et awer net duergoe fir op d‘1 ze klammen. „Relax“ vu Frankie Goes To Hollywood war net vun der 1 ze kréien.

 

Vun der 40 op d‘1 sollten haut virun 11 Joer d Schwedesch Museker vu Mando Diao am Eldo Chartbreaker klammen. Hiren „Dance With Somebody“ sollt 3. Wochen uewe bleiwen. Drop war de Song op hirem Album „Give Me Fire!“.

 

An a punkto Concerten zu Lëtzebuerg gouf et der och eng Rëtsch op engem 31. Januar. Ugefaange mat Bastille 2017 an der Rockhal. Am Mäerz komme Si zréck an de Grand-Duché. 2012 ware Guano Apes am Atelier, an 2010 hu Rammstein d’Rockhal ageheizt. Och si kommen dëst Joer zréck, Open Air op Réiser, den 20 Juli. De Concert ass Ausverkaf. An e Joer ass et haut hier dat den David Guetta an der Rockhal war.