On That Day - 1. FebruarBlondie, Harry Styles & Nipplegate

Haut op engem 1. Februar...

Leschten Update: 01.02.2019, 07:07:22

© FRANCOIS LO PRESTI / AFP

De Blondie Hit “Call Me” ass um 1. Februar 1980 erauskomm. Also haut viru 39 Joer! De Soundtrack aus dem Gigolo Film mam Richard Gere. De Song war den erfollegräichst vum Joer 1980 a sollt 6. Wochen an den USA op d‘1 klammen.

 

15 Joer ass et de Nippelgate haut hier! An der Halbzeitshow vum Super Bowl 38. Huet den Justin Timberlake dem Janet Jackson seng Broscht entblöst. Zënterhier sinn d‘US Fernsehsender wesentlech méi streng wat Live-Iwwerdroungen ugeet. E puer Sekonnen Delai ass ëmmer matdobäi. De Super Bowl gouf deemools vun de Patriots gewonnen. Mat 32-29 hunn si sech géint d Carolina Panthers konnten duerchsetzen.

 

Da waren d‘Kooks haut viru 14 Joer zu Lëtzebuerg am Atelier!

Den Ex-“One Direction”-Member Harry Styles kritt der haut 25. Säi gréisste Solo-Hit ass a bleift biswëll säi „Sign of the Times“.

 

A mat der Black Maria, huet den Thomas Edison um Dag vun haut am Joer 1893 den éischte Filmstudio iwwerhaapt an d’Liewe geruff. An der Black Maria sollte bis 1901 virun allem Kuerzfilmer vun enger Minutt gefilmt ginn. No 8 Joer ass ee vu New Jersey op New York geplënnert an d Gebai kuerz duerno ofgerappt ginn.