On That Day - 4. FebruarFacebook, Culture Club & Maurice White

Haut op engem 4. Februar...

Leschten Update: 04.02.2019, 05:07:02

© FREDERIC J. BROWN / AFP

Facebook huet haut Gebuertsdag. Am Joer 2004 huet den Harvard Student Mark Zuckerberg dat soziaalt Netzwierk lancéiert. Nieft Apple, Amazon a Google zielt Facebook haut zu Big 4 vun den Technik-Entreprisen. Iwwer 30. Leit schaffe fir Facebook, iwwer 2 Milliarde User huet d’Plattform an iwwer 41 Milliarden ass et am Joer 2017 schwéier gewiescht.

 

Eriwwer an d’Musekswelt bei en 80er Hit! Culture Club sinn um 4. Februar 1984 fir 3. Wochen op d’US Single Charts Plaz 1 geklommen. „Karma Chameleon“ sollt e weltwäiten Hit ginn, an de Briten hiren eenzegen Nummer 1 Hit an den USA. D Band Culture Club gëtt et no 2 Trennungen aktuell awer erëm. Am leschten Oktober hunn si no 19 Joer e neien Album erausbruecht.

 

An de UK sinn d’Arctic Monkeys haut virun 13 Joer zur 1 ginn. Hire „Whatever People Say I Am That’s What I’m Not“ ass 4. Wochen op der Plaz 1 bliwwen.

 

Dann ass haut den Doudesdag vum Earth, Wind and Fire Grënner a Sänger Maurice White. De Museker, dee mat senger Band 7 Grammye gewonnen huet a fir Hits wéi “Let’s Groove” a September” verantwortlech ass, ass am Joer 2016 am Alter vu 74 Joer verstuewen. Mat der Band huet hien iwwer 30 Milliounen Alben a Single verkaf.

 

An den US Singer a Songwriter Alice Cooper kritt der haut 71. De Museker ass säi iwwer 50 Joer am Business aktiv an huet bis haut 27 Alben an 48 Singlen erausbruecht. Seng Verkafszuele belafe sech op iwwer 50 Milliounen.