On That Day - 5. FebruarToto, Everything but the Girl & Cristiano Ronaldo

Haut op engem 5. Februar...

Leschten Update: 05.02.2019, 05:13:01

© Marco BERTORELLO / AFP

Et ginn haut 36 Joer, dass d’Hitsingle “Africa” vun Toto, op Nummer 1 vun den US Billboard Hot 100 Charts komm ass. Et sollt der Band hiren eenzege Song Number One Hit bleiwen. De selwechte Mount ass d’Lidd aus dem Album „Toto IV“ och nach op Nummer 3 vun den UK Singles Chart geklommen. Et ass en Album dee 6 Grammy Awards gewanne sollt. D’lescht Joer am Mäerz ware sie fir e Concert zu Lëtzebuerg.

 

Plaz 1 am Eldo Chartbreaker haut virun 8 Joer fir d’Alexandra Stan a säi „Mr. Saxobeat“.

An den däitsche Single Charts ass de Song „Missing“ vun Everything but the Girl um Dag vun haut virun 22 Joer zur 1. ginn. Den Duo deen an den 80er gegrënnt gouf, mëscht säit 2000 keng Musek méi zesummen. 4 Top Hits an de UK hate si. Dovu war a bleift „Missing“ den erfollegräichsten.

 

An haut huet ee vun de gréisste Fussballer vun allen Zäite Gebuertsdag. De Portugiseschen Europameeschter Cristiano Ronaldo kritt der haut 34! Eleng fir säin Ex-Club Real Madrid huet en tëscht 2009 an 2018 311 Goaler a grad emol 292 Matcher geschoss!