On That Day - 6. FebruarBob Marley, Falco & Liquido

Haut op engem 6. Februar...

Leschten Update: 06.02.2019, 10:56:05

© Ho / AFP

Musikalesch huet dëse 6. Februar esou munches ze bidden. Ugefaange mam Bob Marley, deen haut 74 Joer kritt hätt. Den Jamaikanesche Reagge-Star sollt am Joer 1981 am Alter vu 36 Joer un de Suite vu Kriibs verstiewen. An de 70er ass de Bob Marley mat senger Band The Wailers grouss duerchgestart. “Buffalo Soldier”, “I Shot the Sheriff” a “No Woman, No Cry” si nemmen 3 vu ville groussen Hits.

 

Dann ass dëse 6. Februar de Falco Doudesdag! Den éisträichesche Museker sollt um Dag vun haut virun 21 Joer ënner Drogenafloss bei engem Autosaccident ëmkommen. Hien ass an e Bus gerannt gewiescht. 12 Joer virdrun, 1986, hat hie mat senger Single “Rock Me Amadeus” e US- a UK-Charts Nummer 1 Hit, als éischten éisträichesche Kënschtler iwwerhaapt.

8 Joer virum Falco sengem Dout, also 1990 ass de Billy Idol och an een Accident mat sengem Motorrad geroden, glécklecherweis huet hien awer nëmme liicht Verletzungen dovu gedroe gehat.

 

Plaz 1 am Eldo Chartbreaker haut virun 20 Joer fir de Liquido Hit „Narcotic“. De Song sollt en internationalen Hit ginn a sech eleng an hierer däitscher Heemecht iwwer 700.000 mol verkafen.

 

A mam Dout vum britesche Kinnek George de 6, um 6. Februar 1952, ass d’Elizabeth déi II um Dag vun haut viru 67 Joer zur britescher Queen ginn. Nach haut setzt déi mëttlerweil 92 järeg Queen um briteschen Troun!