On That Day - 7. FebruarKool & The Gang, Blondie & Justin Bieber

Haut op engem 7. Februar...

Leschten Update: 07.02.2019, 10:00:23

© CHRISTOPHE ARCHAMBAULT / AFP

1981 stounge Kool & The Gang mat „Celebrations“ fir 2. Wochen op der 1 an den USA. Fir eng éischte Kéier um 7.2.1981. D’Band, déi 1964 gegrënnt ginn ass, gëtt och haut nach. Op hire Kont ginn 23 Alben an iwwer 70 Singlen.  „Celebrations“ war hiren 33. Versuch e Nummer 1 Hit ze landen, an dat sollten

 

1999 si Blondie mat hirem „Maria“ zur 1 an de UK ginn! 20 Joer no hirem éischten Nummer 1 Hit, war dat hire 6. D’Blondie Sängerin Debbie Harry ass mat deemools 54 Joer di eelsten Dame un der Spëtz vun de briteschen Charts gewiescht!

 

An et ass 2. Joer hir dat den Justin Bieber an den USA op der 1. Stoung. Säi Song „Love Yourself“ sollt 24 Wochen an der Top 10 bleiwen, dovun huet de Song awer just 2 un der Spëtz verbruecht. Geschriwwe gouf d’Lidd iwwregens vum Ed Sheeran.