On That Day - 8. FebruarPink, Katy Perry & Sam Smith

Haut op engem 8. Februar...

Leschten Update: 08.02.2019, 05:06:01

© Ferdy Damman / ANP / AFP

Den 8. Februar sollt den Dag sinn, op dem d’Pink haut viru 19 Joer seng alleréischte Single iwwerhaapt, de Song „There You Go“ erausbrénge sollt. De Song sollt en Top 10 Hit an den USA ginn. De ganz groussen Erfolleg sollt am Joer duerno mat "Lady Marmalade" an dem 2. Pink Album „M!ssundaztood“ mat den Hits „Get the Party Started“, „Just Like a Pill“ a „Family Portrait” kommen.

 

Viru 4 Joer ass d'Katy Perry am ELDO Chartbreaker zur 1 ginn. Säin “Dark Horse” stoung wärend 3 Wochen op der 1. De Song ass dem Katy sengem Album “Prism” gouf Weltwäit méi wei 13 Millioune mol verkaf. D’Musekerin sollt de Song viru 4 Joer och live beim Super Bowl performen.

 

Haut virun 3 Joer sollt de Sam Smith 4 Grammy Awards fir säi „Stay With Me“ kréien. Hie war de grousse Gewënner vun der 57. Grammy Editioun!

 

An da sollten um 8. Februar 1960 d’Aarbechten um Hollywood Boulevard fir de Walk of Fame ufänken. Am Mäerz vun dem Joer sollt mam Stanley Kramer, Us Regisseur, sengem Stär deen éischte fäerdeg sinn. Bis haut sinn iwwer 2400 Artisten, Regisseuren a villes méi dobäi komm. Als Lescht ass e Mëttwoch d'Pink veréiwegtOn Th ginn!