On That Day - 11. FebruarWhitney Houston, Queen & Jennifer Aniston

Haut op engem 11. Februar...

Leschten Update: 11.02.2019, 04:50:01

© ABDELHAK SENNA / AFP

Den 11. Februar ass de Whitney Houston Doudesdag! D’US Musekerin sollt haut viru 7 Joer dout an engem Beverly Hills Hilton Hotel opfonnt ginn. D‘“I Will Always Love You“ Sängerin hat Drogeproblemer a sollt ënner Drogenafloss an der Bidden erdrénken. D’Whitney Houston sollt 48 Joer al ginn.

 

Queen hunn haut viru 5 Joer UK Museksgeschicht geschriwwen. Statistesch gesinn huet den Dag all 3. Britesch Famill en Exemplar vun hirer „Greatest Hits Collection“ doheem gehat. Si hunn déi nämlech op dem Dag fir déi 6. Milliounste Kéier verkaf. Esou oft, wéi keng aner Kompilatioun je virdrun.

 

De fréiere Linkin Park Member Mike Shinoda, kritt der haut 42. Samschdes, den 23. Mäerz kennt hie fir e Concert op Lëtzebuerg an d’Luxexpo The Box.

Nieft dem Museker huet haut och d’US Actrice Jennifer Aniston Gebuertsdag. D’Schauspillerin, déi duerch d’Roll vum Rachel Green an der Serie Friends an de 90er grouss erauskomm ass, kritt haut 50 Joer.