On That Day - 15. FebruarMark Ronson & Bruno Mars, Lady Gaga & Bosse

Haut op engem 15. Februar...

Leschten Update: 20.02.2019, 10:53:21

© Jean-Baptiste LACROIX / AFP

10 Joer ass et hier dat d’Lady Gaga zu Lëtzebuerg war, mä dat als Support Act vun enger Band, déi et haut net méi gëtt, de Pussycat Dolls. De Concert sollt an der Rockhal sinn. De Lady Gaga Optrëtt sollt kuerz viru sengem groussen Duerchbroch sinn. D’Pussycat Dolls sollten zum dem Zäitpunkt mat 2. Alben a Lidder wéi „Don’t Cha“ an „I Don’t Need A Man“ erfollegräich sinn.

 

10 Wochen nom Release ass de Mark Ronson a Bruno Mars Hit „Uptown Funk“ haut viru 4 Joer fir d’1. Millioun x Kéier verkaf ginn. Dat sollt bis haut just ëm déi 150 Lidder esou séier glécken. De Song ass iwwregens och Soundtrack zum Fifty Shades of Grey Film.

 

Den däitsche Museker Bosse sollt haut viru 6 Joer säi Song “Schönste Zeit” aus dem Album “Kraniche” erausbréngen.

 

An de Simpson a Futurama Creator, de Matt Groening huet haut Gebuertsdag. Hie kritt der haut 65.