On That Day - 18. FebruarFreddie Mercury, Rolling Stones & Dr. Dre

Haut op engem 18. Februar...

Leschten Update: 20.02.2019, 10:58:17

© YAMIL LAGE / AFP

Et ginn haut 29 Joer dat e gewëssene Freddie Mercury vu Queen säi leschten ëffentlechen Optrëtt hat. Bei de Brit Awards stoung hien op der Bühn. Hie krut den Award for Outstanding Contribution to Music. Hien sollt am November vun dem Joer am Alter vu 45 Joer verstiewen.

 

De gréisste Concert vun der Welt sollten d'Rolling Stones haut virun 13 Joer op der Copacabana zu Rio de Janeiro spillen. Bei engem Open Air Concert um Strand waren eppes Klenges 1,2 Millioun Leit dobäi! Vun iwwerall hunn d’Leit nogekuckt, sief et aus den Haiser ronderëm oder op de Booter am Mier. Den Optrëtt war fir näischt. D Museker ëm de Mick Jagger hunn op enger 60 Meter laanger a 24 Meter héijer Bühn gespillt. Vun hirem Hotel aus, hate si eng Bréck, déi si direkt op d’Bühn bruecht huet.

 

An den däitsche Single Charts huet sech viru 7 Joer dem Bruno Mars säin Hit „Grenade“ fir insgesamt 6 Woche géint d’Konkurrenz duerchgesat. D’Lidd sollt den 2. Track vu sengem Debutalbum „Doo-Wops & Hooligans“ sinn. 2 Deeg virum Release vum Album huet de Bruno Mars d’Lidd nach eng Kéier ëmgeschriwwen a komplett verännert. Et sollt sech lounen.

 

Den Dr. Dre kritt der haut 54! Den Hip Hop Museker a Produzent zielt zu de finanziell erfollegräichste Museker. Dozou dréit och sécherlech seng Beats Kopfhörer Kollektioun dobäi.