On That Day - 19. FebruarBon Scott, Falco & Motörhead

Haut op engem 19. Februar...

Leschten Update: 20.02.2019, 10:59:49

© GEORGES GOBET / AFP

Haut ass de Bon Scott, Leadsänger vun Ac/Dc 39 Joer dout! Hien sollt no enger Nuecht um Tour um Moie vum 19. Februar 1980 dout am Auto vun engem Kolleg opfonnt ginn. Deen hat hien am Auto schlofe gelooss, well en e net waakreg krut fir mat erop an d’Wunneng. De Bon Scott sollt bei Ac/Dc vum Brian Johnson ersat ginn. Am Joer 1980 ass de 7. Ac/Dc Album erauskomm. En Album ganz a schwaarz, den dem Museker dediéiert ginn ass. Hien ass just 33 Joer al ginn

 

Dann hätt de Falco haut 62 Joer kritt. Den éisträichesche Museker sollt Ufank Februar 1998 bei engem Accident an der Dominikanescher Republik verstiewen. Hien war den éischte Museker den et mat engem Song an däitscher Sproch an den USA op d‘1 gepackt huet. Dat war 1986 mat sengem „Rock Me Amadeus“.

 

2 Concerten op engem 19 Februar an de leschte Joren hei zu Lëtzebuerg. Haut virun 22 Joer ware Motörhead am Atelier op Besuch. Hire Sänger de Lemmy sollt am Dezember 2015, 4 Deeg no sengem 70 Gebuertsdag verstiewen.

A 4 Joer gëtt et haut dat de Marlon Roudette seng Erfollegssinglen „New Age“ a „When The Beat Drops Out“ am Atelier presentéiert huet. E Sollt um Rock um Knuedler 2016 zréck zu Lëtzebuerg sinn.