On That Day - 20. FebruarPeter Fox, Kylie Minogue & Rihann

Haut op engem 20. Februar...

Leschten Update: 20.02.2019, 11:08:47

© Eldoradio

An den däitschen Album Charts sollt de Seeed Sänger Peter Fox haut virun 10 Joer zur neier Nummer 1 ginn. Den Album „Stadtaffe“, deen ënnert sengem Soloprojet erauskomm ass, sollt 3 Top 10 Single ervirbréngen. „Alles Neu“, „Haus am See“ a „Schwarz zu blau“.

 

D’Kylie Minogue ass dann haut virun 31 Joer zu 1 an de UK Charts ginn. Säin „I Should Be So Lucky“ war säin éischte groussen Hit an et wier bal net dozou komm. Et wollt nämlech keng Plackefirma d’Australierin ënner Kontrakt huelen. Säi Producer huet de Song deemools ganz einfach ënnert engem eegene Label erausbruecht. Eng gutt Entscheedung.

 

Gebuertsdag haut vun der Musekerin a mëttlerweil och Schauspillerin Rihanna. D’Musekerin vun de Barbados huet bis haut 8 Alben an iwwer 70 Singlen erausbruecht. Et kennt op en Total vu Ronn 280 Millioune Sales. Ugefaangen hat seng Karriär mat 18 Joer, nodeems e gewëssenen Jay-Z him e Plackekontrakt an d’Rei gemaach hat.

 

An de fréiere Nirvana Sänger Kurt Cobain hätt der haut 52 kritt. Hie sollt sech am Joer 1994 a senger Wunneng d’Liewen huelen a just 27 Joer al ginn.