On That Day - 27. FebruarFalco, Britney Spears & Michael Jackson

Haut op engem 27. Februar...

Leschten Update: 27.02.2019, 09:42:48

© MARK RALSTON / AFP

Release Datum haut virun 21 Joer vum 8. A virleschte Falco Album "Out of the Dark (Into The Light)". Den Album ass 3 Wochen no sengem dout erauskomm! Scho virop hat de Museker d Lidder Egoist an Out of the Dark presentéiert. Den Album, deen eigentlech hätt sollten Egoist heeschen, ass no sengem Dout ëmbenannt ginn a liicht verännert ginn an dunn erauskomm. E sollt en internationalen Erfolleg ginn.

 

Déi éischte Britney Spears Single iwwerhaapt, d’Lidd “...Baby One More Time” ass haut virun 20 Joer zu engem UK Nummer 1 Hit ginn. D’Lidd sollt um Album mam nämmlechten Titel drop sinn. E Longplayer dee sech iwwer 30. Millioune mol verkaf huet an him zu weltwäite Succès verhollef. Et ass e Song, deen eigentlech fir den Trio TLC geduecht war, ma déi haten hiren Album scho fäerdeg a wollten d’Lidd net méi.

 

 

An e Aarbechter aus engem Supermarché zu Aspen, am US Bundesstaat Colorado huet haut viru 15 Joer d’Police geruff, well e Mann mat Mask un an de Buttek erakomm ass. De Aarbechter ass vun engem Iwwerfall ausgaangen ausgaangen, ma um Enn sollt sech erausstellen, dat et de King of Pop, de Michael Jackson war. Hien war mat senge Kanner an der Stad fir Vakanz ze maachen a wollt onerkannt bleiwen. Dat ass ëm mat der Aktioun awer net gegléckt.