On That Day - 26. FebruarMichael Jackson, Fools Garden & Maroon 5

Haut op engem 26. Februar...

Leschten Update: 27.02.2019, 09:49:38

© ROBYN BECK / AFP

Nodeems Men At Work mat hirem "Business as Usual" Album 15 Wochen onënnerbrach op der 1 an de US Album Charts stoungen, war et um 26. Februar 1983 dann endlech un engem vun de beschten Albe vun allen Zäite fir d’Spëtzepositioun ze iwwerhuelen. De Michael Jackson säin „Thriller“ Album ass knapp 3 Méint nom Release zur neier 1 an den USA ginn. 22 Wochen un der Spëtz sollten an dem Joer erausprangen. Den Album sollt et esou guer zum Schluss vum Joer zréck op d‘1 packen. Drop um 33 fache Platin Album si grouss Hits wéi den Titeltrack, "Beat It", "Wanna Be Startin‘ Something", "Billie Jean" an och "The Girl is Mine".  

 

Plaz 1 an der däitscher Heemecht fir Fools Garden an hire „Lemon Tree“. Den eenzegen Hit vun den däitsche Museker sollt um 26. Februar 1998, also haut virun 21 fir déi éischte vu 4. Wochen op d‘1 vun den Charts klammen.

 

Déi Band déi um Ufank vum Mount beim Super Bowl net iwwerzeege konnt, sollten dat haut virun 8 Joer awer an der Rockhal maachen. Maroon 5 waren no 2007 zréck zu Lëtzebuerg. Mat neiem Album „Hand All Over“ a Lidder wéi „Misery“ sinn si opgetrueden. De Lëtzebuerger Public krut den Owend awer och eng akustesch Versioun vu „She Will Be Loved“ gebueden.

 

Den John R. Cash, genannt Johnny Cash wier haut méi al ginn. Hien hätt der haut 87 kritt. D’US Musekslegend sollt am September 2003 zu Nashville verstiewen an 71 Joer kréien.