On That Day - 25. FebruarStevie Wonder, Van Halen & Muhammad Ali

Haut op engem 25. Februar...

Leschten Update: 27.02.2019, 09:54:06

© ROBYN BECK / AFP

10 Joer ginn et haut dat de Stevie Wonder am wäissen e ganz héije Präis, de Gershwin Prize kritt huet. Dat ass den hecksten US Musekspräis. No him sollten nach e.a de Paul McCartney an de Billy Joel dee Präis vum deemolegen US President Barack Obama iwwerreecht kréien. Dem Stevie Wonder ass deen zu Éiere ginn, well hie mat senger Musek dem Obama seng Jugend gepreegt huet an him gehollef huet a mat senger Fra, Michelle Obama zesummen ze kommen.

 

5 Woche Number One vun de US Single Charts fir d’Hard Rocker vu Van Halen an hiren “Jump”, um 25. Februar 1984.  D’Lidd war déi éischte Single vum Album “1984”, dem erfollegräichste vun der Band. 5 Woche sollt d’Lidd op der 1 bleiwen.

 

An den USA Album Charts ass haut virun 12 Joer den 3. Fall Out Boy Album „Infinty on High“ op d‘1 geklommen. Um Album drop sinn d’Lidd “This Ain’t a Scene, It’s an Arms Race” an “Thnks fr th Mmrs”. Den Album sollt schonn no engem Mount Platin kréie fir iwwert 1 Millioun Sales.

 

Um Dag vun haut am Joer 1964 sollt e Boxer mam Cassius Marcellus Clay Jr, speider weltbekannt ënnert dem Numm Muhammad Ali fir eng éischte Kéier Boxweltmeeschter ginn. Säi Géigner de Sonny Liston war grousse Favoritte, ma dee sollt no 7 Ronne musse verletzt opginn. D Biller vum Ali, dee nom Match „I’m The Greatest“ gebläert huet, si ronderëm d’Welt goen. Hien sollt säin Ziel vum Greatest mat enger grousser Karriär och erreechen.