On That Day - 6. MäerzBeatles, Rolling Stones & Smudo

Haut op engem 6. Mäerz...

Leschten Update: 06.03.2019, 07:38:46

© Eldoradio

D’Beatles hunn haut viru 49 Joer hir Single “Let It Be” an der britescher Heemecht erausbruecht. Et war de leschte Release, eier de Paul McCartney säin Enn an der Band bekannt ginn huet. De Song war drop um Album mam nämlechten Titel.  

 

Déi britesch Museker vun de Rolling Stones hunn um Dag vun haut, virun 53 Joer ugefangen hire “Paint It, Black” opzehuelen. De Song sollt genee 2 Méint spéit erauskommen an zu engem Nummer 1 Hit ginn. De Song sollt an enger 2 Phase och zum Opening-Track vum 4. Rolling Stones Album „Aftermath“ ginn, deen an den USA erauskomm ass. Op der Original, britescher Versioun war d’Lidd net drop ze fannen.

 

Den 3. Mäerz 2017 huet den Ed Sheeran säi laang erwaarten an 3. Album „Divide“ erausbruecht. 3 Deeg méi spéit, also haut virun 2 Joer, hat en esou vill Alben a senger britescher Heemecht verkaf, wéi eréischt 2 aner Albe virun him. Dem Adele säin „25“ a „Be Here Now“ vun Oasis. Op Spotify war den Album um éischten Dag vum Release eng 56 Millioune mol gelauschtert ginn, wat e neie Rekord sollt sinn.

 

An de Smudo huet haut Gebuertsdag! Den däitsche Museker vun de Fanta 4 kritt der 51. Mam richtegen Numm heescht hie Michael Schmidt a säit de Fanta 4 ass hie säit knapp 30 Joer aktiv.