On That Day - 8. MäerzAce of Base, 50 Cent & Louane

Haut op engem 8. Mäerz...

Leschten Update: 08.03.2019, 14:15:19

© Eldoradio

An Däitschland stoungen Ace of Base haut viru 26 Joer op der Plaz 1 vun den Charts. Hiren „All That She Wants“ ass e groussen Hit ginn a fir 8. Wochen op der 1 vun den Charts bliwwen. Weltwäit sollt d’Lidd och aschloen. Eleng 1 Millioun Sales zielt et an den USA.

 

An den USA ass de 50 Cent haut viru 16 Joer zur 1 ginn. De Song: Säin „In Da Club“. 9. Wochen ass de Song uewe bliwwen. Zäitgläich sollt dem Christina Aguilera säi „Beautiful“ fir 2. Wochen an de Uk op d‘1 vun den Charts klammen.

 

Den éischte grousse Louane Hit ass haut viru 4. Joer a senger franséischer Heemescht fir 2. Wochen un d’Chartspëtz geklommen. „Avenir“ war déi 2. Single vun der The Voice Halleffinalist aus dem Joer 2015, an de bis wëll nach ëmmer de gréisste Louane-Hit. De Song war drop op sengem éischten Album Chambre 12. D’lescht Joer, den 28 Juni war d’Musekerin fir e Concert zu Lëtzebuerg. Et huet Open Air an der Abtei Neimënster gespillt.

 

An Ac/Dc hunn haut virun 2 Joer hier US Tour ofgebrach, well hire Sänger de Brian Johnson vun den Doktere gerode krut mat der Musek opzehalen, soss géif hie riskéiere komplett daf ze ginn. Den 71 Järege kann awer net ouni seng Musek a wäert wuel op engem neien Ac/Dc Album ze héiere sinn.