
© Ben STANSALL / AFP
Debut op der 1 vum Eldo Chartbreaker fir de Summerhit an den Iwwerhit vum Joer 2017, fir "Despacito" vum Luis Fonsi an dem Daddy Yankee. 9. Wochen ass den Hit vum Joer op der 1 bliwwen. D’Lidd huet Rekorder geknackt, e.a ass de schnellste Museks-Video deen op Youtube d’Milliarde-Grenz geknackt huet. A keen anere Clip ass bis haut méi oft gekuckt ginn.
D’Madonna ass haut virun 11 Joer vum Justin Timberlake an der Rock n Roll Hall of Fame begréisst ginn. Bei der Zeremonie zu New York sot d’Musekerin all deene Merci, déi ëm an den 80er Jore just eng One-Hit-Wonder Karriär virausgesot haten.
Da kritt de Bobby McFerrin der haut 69. Den „Don’t Worry Be Happy“ Sänger ass virun 31 Joer mat sengem Acapella-Hit grouss erauskomm an op ville Plazen op dëser Welt zu enger Nummer 1 ginn. Am Videoclip zu sengem Song danzt och de Robin Williams mat.
Och Gebuertsdag huet haut den däitsche Schauspiller Matthias Schweighöfer. Hie krit 38 Joer.