On That Day - 12. MäerzRick Astley, Ace of Base & Metallica

Haut op engem 12. Mäerz...

Leschten Update: 12.03.2019, 04:22:02

© TASSO MARCELO / AFP

2. Woche Plaz 1 an de US Single Charts, haut virun 31 Joer fir dem Rick Astley säin „Never Gnna Give You Up“! E Song deen och an de Uk op d 1 klamme sollt. D’Lidd ass e weltwäiten Hit ginn a bei de Brit Awards 1988 ausgezeechent ginn. Kee Song sollt sech 87 besser verkafen, wéi „Never Gonna Give You Up“. Et huet awer gedauert, bis an de States op d’1 geklommen ass. De Song war zu dem Zäitpunkt schonn iwwert en halleft Joer dobaussen.

 

6 Joer méi spéit sollten d’Schweden vun Ace of Base op d‘1 an den USA klammen. „The Sign“. D’Lidd, dat fir e Grammy Award sollt nominéiert ginn.

 

Den éischte Metallica Concert an 11 Joer a Kolumbien sollt haut virun 9 Joer fir vill Chaos suergen. Um Enn si 1500 Polizisten, déi mat 4 Panzer ugerullt sinn, fir Uerdnung suergen. Vill Fans ouni Ticket huet sech mat Gewalt en Zougang verschafe wollten. Um Enn sinn eng 130 Leit festgeholl ginn. 8 Leit goufe verwonnt.

 

An dann huet den „Alors on Danse“ Sänger, de Stromae haut Gebuertsdag. Et ass säi 34.