On That Day - 13. MäerzEric Clapton, Lenny Kravitz & Snow

Haut op engem 13. Mäerz...

Leschten Update: 15.03.2019, 14:42:11

© GUILLAUME SOUVANT / AFP

Den Eric Clapton huet haut viru 26 Joer säin Album “Unplugged” op d’1 vun de US Album Charts gehuewen. De Longplayer deen en am Kader vun der MTV Unplugged Serie opgeholl huet, sollt duerch de Plafond goen. Et gouf 2 Grammy Awards fir de beschtverkaftenen Unplugged Album vun allen Zäiten. 26 Millioune Sales sinn et bis haut, dat mëscht de Longplayer och zum erfollegräichsten Album vum Brit.

 

20 Joer ass et hier, dat de Lenny Kravitz zur 1 am Eldo Chartbreaker ginn ass. Säi „Fly Away“ ass fir 2. Wochen zur 1 hei zu Lëtzebuerg ginn. De Song sollt och e Grammy Award gewannen, dee fir déi bescht Rock Vocal Performance!
An den 13.3 ass e Lenny Kravitz Dag. 6 Joer virdrun, also 1993 ass säin „Are You Gonna Go My Way“ an de UK zur 1 ginn.

 

Aktuell steet den Daddy Yankee mat sengem Snow Sample op der 1 am Eldo Chartbreaker. De Virreider, de Snow Hit „Informer“ ass haut viru 26 Joer zur 1 an den USA ginn a 7. Wochen un der Spëtz bliwwen. Dem kanadesche Reaggae Museker seng Debutsingle huet sech iwwert 8 Millioune mol. Fir déi eng ass et eng vun de gréisste Single vun de 90er, fir den US Museksmagasinn Pitchfork dogéint, ass et déi 7 schlechtste Single vun de 90er Joren.