On That Day - 14. MäerzOne Republic, 2Pac & Will Smith

Haut op engem 14. Mäerz...

Leschten Update: 15.03.2019, 14:44:19

© ALBERTO PIZZOLI / AFP

Et ass 5 Joer hier dat One Republic an der Rockhal waren. De Concert hätt eigentlech sollte Ufank Februar sinn, ma deen hat misse ëm 4. Woche no hanne gereckelt ginn. D’Museker ëm de Sänger Ryan Tedder ware schon am Joer virdrun am Grand-Duché, wéi 2008. Deemools hu se um Terres Rouges Festival gespillt gehat.

 

Mat sengem 3. Album „Me Against The World“ ass den 2Pac Shakur haut virun 24 Joer an de US Album Charts op d‘1 geklommen. Besonnesch dorun: hie souz zu dem Zäitpunkt am Prison. An aus dem Prison op d‘1 vun den Charts klammen, gouf et ni virdrun an duerno och net méi! Den Album sollt extrem positiv ukomm, an a gëllt bis haut als ee vun de beschten an aflossräichste vun allen Zäiten aus dem Hip Hop Beräich. Drop ass e.a „Dear Mama“.

 

3 Woche Plaz 1 vun de US Single Charts um Dag vun Haut virun 21 Joer fir de Will Smith a säi “Gettin’ Jiggy Wit It”. D’Lidd vum Schauspiller sengem Debutalbum “Big Willie Style” war no “Men In Black” an “Just Cruisin” den drëtte Release vum Longplayer. De Will Smith sollt e Grammy fir d’Lidd kréie fir di beschte Rap Solo Performance.

 

D’Fanta 4 hunn haut viru 5 Joer hier Single „25“ erausbruecht. Et war den éischte Release aus hirem „Rekord“ Album.

 

An de wuel bekanntste Wëssenschaftler vun eiser Zäit, den Albert Einstein hätt haut Gebuertsdag gehat. Um 14 Mäerz 1879 ass hien am däitschen Ulm Gebuer. E sollt mat 76 Joer zu New Jersey verstiewen. Dat war am Joer 1955.