On That Day - 15. MäerzRay Charles, Metallica & Prince

Haut op engem 15. Mäerz...

Leschten Update: 15.03.2019, 14:47:52

© Roberto SCHMIDT / AFP

Haut sprange mir an d50er Joren zréck. Um 15.3.1950 ass de Ray Charles Klassiker „I Got a Woman“ zur 2 an de Us Single Charts. Den deemools 25 Järege sollt domat e groussen Hit landen dee speider vu Leit wéi dem Elvis, dem Johnny Cash an dem Stevie Wonder gecovert gouf.

 

Et ass haut 37 Joer hier dat Metallica hiren alleréischte Live Concert iwwerhaapt gespillt hunn. A Kalifornien stounge stoungen den James Hetfield a Co op der Bühn.

 

Dem Prince säi “Kiss” stoung virun 33 Joer praktesch iwwerall op der Welt op der 1 vun den Charts. Dowéinst ass de Bangles Kultsong „Manic Monday“ um Dag vun haut am Joer 1986 och just op d‘1 vun den Charts geklommen. D’Lidd sollt kee Number One Hit… Geschriwwen hat de Nummer 2 Hit iwwregens de Prince….

 

De fréiere Beatle Paul McCartney ass haut 20 Joer an der Rock and Roll Hall of Fame ! Mat nemmen hie gouf um Dag vun haut am Joer 99 opgeholl ma och de Bruce Springsteen, de Billy Joel, d’Dusty Springfield an de Curtis Mayfield.

 

An d’Internetsäit symbolics.com, ass haut viru 34 Joer déi éischten Internet-Säit gewiescht, déi sech hire Domaine, hier Internetadress geséchert huet. Dorop weisen se een haut nach hin, wann een op d’Säit geet. Haut gëtt et iwwert 1 Milliard registréiert Domainen.