On That Day - 1. JanuarLed Zeppelin, Naughty Boy & Birdy

Haut op Neijoerschdag...

01.01.2020, 06:00:34

© Eldoradio

Lauschtert eran!

Haut
feiert de brittesche Museker Shahid Khan Gebuertsdag, besser bekannt ass hien ënnert sengem Kënschtlernumm Naughty Boy. Hie kritt haut 35 Joer. Bekannt ginn ass hien duerch d’Single “La La La”, déi hien zesumme mam Sam Smith erausbruecht huet. Mat “La La La” sollten di zwee Kënschtler et am Joer 2013 op d’Plaz 1 an de brittesche Single-Charts packen.

Genee 30 Joer ass et dann hir, datt e Radiosender aus dem US Bundesstaat Florida fir 24 Stonne laang “Stairway to heaven” vu Led Zeppelin gespillt hat, et war deen alleréischte rengen Led Zeppelin-Sender. 2 Woche laang hu si just Hits vun der Band gespillt, éiert si hiert Konzept geännert hunn an och weider Rock-Klassiker gespillt hunn.

Op Neijoerschdag am Joer 2016 huet d’Birdy seng Single “Keeping Your Head Up” erausbruecht. Et war di éischt Single-Auskopplung aus dem Birdy sengem drëtten Album “Beautiful Lies” - bis haut dee leschte Release vum Birdy.

An um 1. Januar 2017 stoungen de Weeknd an Daft Punk mat hirem Song “Starboy” op der Eent an den amerikanesche Single-Charts. Och a villen anere Länner war “Starboy” en Nummer 1-Hit, ënnert anerem a Frankräich, a Schweden an a Kanada konnten de Weeknd an Daft Punk et ganz uewen an d’Charts packen.