On That Day - 4. JanuarR.E.M., George Ezra & Till Lindemann

Haut op engem 4. Januar...

04.01.2020, 06:00:51

© Eldoradio

Lauschtert eran!

Haut
feiert den amerikanesche Sänger a Grënnungsmember vun der Band R.E.M. Gebuertsdag. De Michael Stipe kritt haut 60 Joer. Nodeems hien 1980 säi Konscht- a Fotographie-Studium op der Universitéit zu Athens am Bundesstaat Georgia ofgebrach hat, ass hien dem Mike Mills, dem Peter Buck an dem Bill Berry begéint an huet mat hinnen zesummen R.E.M. gegrënnt. Zanter Oktober 2014 ass de Michael Stipe Professer am "Department of Art and Art Professions" op der New York University.

An och de Rammstein-Frontmann Till Lindemann gëtt haut ee Joer méi al, hie kritt der 57. Am November 2019 huet hien mat sengem anere Projet “Lindemann” den Album “F & M” erausbruecht.

Haut virun 28 Joer hate Simply Red et mat hirem Hit “Stars” fir ganzer 5 Wochen op d’Eent an de UK-Single-Charts gepackt. “Stars” war di zweet Single-Auskopplung vum véierte Simply Red-Album, dee genee d’selwecht geheescht huet.

An um 4. Januar 2015 stoung den George Ezra mat sengem Debut-Album “Wanted On Voyage” op der Plaz 1 an de UK-Album-Charts. Do sinn ënnert anerem d’Songs “Blame It On Me”, “Listen to the Man” oder “Budapest” drop. 2018 huet den George Ezra säin zweeten Album mam Titel “Staying at Tamara’s” erausbruecht.